top of page

Artikel op RTL

MUSEPGruppen: 
Plaquetteniwwerreechung

Am Kader vun eise MUSEPGruppe goufen dëst Joer fir d’éischt MUSEP-Plaquettë verdeelt.

Ausgezeechent goufen déi Schoulen, déi scho säit Jore minimum 1 MUSEPGrupp an hirer Schoul ubidden. Dës MUSEPGruppe gi vun engem Enseignant encadréiert a fannen ausserhalb vun de Schoulzäiten innerhalb vum Schoulgebei statt.

Dës MUSEP-Plaquettë ginn an de MUSEPMember-Schoulen opggehaangen. Zil soll et sinn, Elteren a Kanner fir d’Musek ze sensibiliséieren an op d’MUSEP an hir Offeren opmierksam ze man. Dëst soll jiddwerengem d’Méiglechkeet bidden, nieft weidere scho bestoenden Aktivitéiten (LASEP, Art à l’école, …) sech musikalesch weiderzebilden a Spaass un der Musek ze entdecken.

Bande.jpg

Ausgezeechent Schoulen

De 7. November 2023 hu mir eis bestoend MUSEPGruppen op ee gemittlechen Owend agelueden. Niewent leckeren Häppercher an engem gudde Patt, hu mir d'Freed um Musekmaache mat engem besonnege Kuch gefeiert.

Kuch.jpg
IMG_9448.jpeg

Claudine Müller-Sand & Stéphanie Goldschmidt

Schoul Bech-Maacher & Elweng

bottom of page