

Wichteg Info: Happy Birthday Musep - leider verluecht!
Opgrond vun de läschten Entwécklungen musse mer eist Gebuertsdagsfest leider verleeën. Mir mellen eis wann en neien Datum feststeet. Bleift all gesond a monter!
Musik an der Grondschoul!
Eist Zil ass et, fir de Museksunterrecht an dem Enseignement Fondamental ze fërderen. Fir dat Zil ze erreechen, bidde mer eng Partie verschidden Aktvitéiten un. Mir organiséiere Coursen uechter d'Joer, mol eleng, mol mat aneren Organisatiounen zesummen. De groussen Uklang deen dës Coursë fanne weist eis, dass an dësem Beräich eng grouss Nofro besteet. Eis Course sinn och vum IFEN als prioritär agestuft Mir bidden ënnert "downloads" Material u fir mat de Kanner ze schaffen. Dëse Beräich gëtt natiirlech stänneg erweidert. Ausserdem kënnt eis Zeitung, den @llegro. mat Ureegungen, Iddien a Material eraus.
6 mol am Joër reese mer a Schoulen uechter d'Land a bidden do Muséksdeeg fir d'Kanner am Fondamental un.
Mir hoffen, esou en Deel fir d'Förderung vum Museksunterricht an de Schoulen bäidroen ze kënnen.
April 03, 2020
Schoul doheem
Eis Säit "Schoul doheem" ass mëttlerweile gutt gefëllt. Neit Material ass gezeechent. Vill Spaass!
March 22, 2020
E puer Erneierungen um Site MUSEP
Mir bauen äre Site MUSEP em fir Iech nach besser ze ënnerstëtzen. Vläit falen iech jo e puer Erneierungen op. :)
March 22, 2020
Happy Birthday MUSEP - leider verluet...
Opgrond vun de läschten Entwécklungen musse mer eist Gebuertsdagsfest leider verleeën. Mir mellen eis wann en neien Datum feststeet. Bleift all gesond a monter!