Lidd:
Fir mäi Pappa (2.1 - 3.1)
Text: Christiane Pesch
"Fir mäi Pappa"-Lidd sangen
1. Mäi Pappa ass e gudde Mann, gudde Mann, gudde Mann, mäi Pappa ass e gudde
Mann, gudde Mann.
​
2. Well hie flott Saache maache kann, maache kann, maache kann, well hie flott Saache
maache kann, maache kann.
​
3. Hie fléckt mir all mäi Spillgezei, Spillgezei, Spillgezei, hie fléckt mir all mäi Spillgezei,
Spillgezei.
​
4. Hie kacht mir heiansdo Hamburger, Hamburger, Hamburger
​
5. Hie mécht mat mir e Fussballmatch,
​
6. Hie mécht mat mir e Vëlostour,
​
7. Hie séngt mir och e Liddche vir,..
​
8. Hie liest mir e flott Märche vir,..
Lidd:
Lidd fir Pappendag (2.1 - 3.1)
Text: Christiane Pesch
Musek: Vollekslidd - O, du lieber Augustin
"Lidd fir Pappendag"-Lidd sangen
Oh, du léi-we
Pa-ppa-che,
Pa-ppa-che,
Pa-ppa-che
Oh, du léi-we
Pa-ppa-che,
haut ass däi Dag!
Dofir jo, sange mir
„Ech hunn dech ganz vill gär“
Oh, du léi-we
Pa-ppa-che,
haut ass däi Dag!
"Lidd fir Pappendag" - mat Boomwhackers an Orff Instrumenter begleeden
Nouten:
roud=Do/C/
hell gréng=Fa/F)
​
Niewt de Boomwhackers kann och mat aneren Orff Rhythmus-Instrumenter begleet ginn.
Den Accent soll am beschten sou drop gesat ginn, dass een den ¾ Takt (Walz) gutt eraus héiert. Z.b.:
Pa-ppa-che
* *
Lidd fir Pappendag selwer erfannen (3.2 - 4.2)
Wéi kann een nei Lyrics erfannen?
-
Lidd sangen oder um Playback lauschteren. Beim Playback op Silben mat summen oder op Silben matsangen (nonono, lalala, miaumiaumiau,....) bis d’Melodie sëtzt.
​​
-
Den Opbau verstoen: Wierder, déi sech widderhuelen, Reien zielen, wéi vill Silben sinn pro Rei, Reimer kënnen, mussen awer net virkommen
​​
-
An Gruppen vun maximum 3 probéieren en Text ze erfannen
​​
-
Gruppen kënnen als éischt versichen ouni Playback ze sangen, duerno virun der Klass och mam Playback
​​
-
Endversioun kann eng Mëschung vun Texter vu verschiddene Gruppen sinn; dës Versioun eventuell enger aner Klass ginn fir ze sangen
Austausch mat de Schüler
-
D' Lidd ka mat de Kanner erschafft ginn. Si sollen eegen Iddie mat erabréngen: si erziele wat hire Papp alles kann. Sou kennen onendlech vill nei Strofen erfonnt ginn.
​​
-
Zum Lidd kann een och Beweegunge maachen: mat Geste gëtt duergestallt, wat de Papp alles maache kann
-
Den Text/d’Strofen memoriséieren mat verschiddene Biller
Austausch mat de Schüler
-
Wéi nennt dir äre Pappa? Mat aner Sproochen de “Pappachen” ersetzen.
​​
-
Wéi seet een “Ech hunn dech ganz vill gär” an anere Sproochen? Mat aner Sproochen den “Ech hunn dech ganz vill gär” ersetzen.
Beispilllidder
Liebe Mutter - Lieber Vater (Buch: Mir sangen)
1. Liebe Mutter, liebe Mutter,
wir bringen dir heut'
ein Lied und ein Blümchen,
ein Herz voller Freud
2. Liebe Sonne, liebe Sonne,
schein hell und schein klar
und schenke der Mutter
ein fröhliches Jahr!
Lidd fir Pappendag (Vollekslidd: O, du lieber Augustin)
Oh, du léi-we
Pa-ppa-che,
Pa-ppa-che,
Pa-ppa-che
Oh, du léi-we
Pa-ppa-che,
haut ass däi Dag!
Dofir jo, sange mir
„Ech hunn dech ganz vill gär“
Oh, du léi-we
Pa-ppa-che,
haut ass däi Dag!